
Den australesche Premierminister Scott Morrison huet e Mëttwoch um Radio 3AW zu Melbourne eng Debatt ugefaangen, ob de Covid-Vaccin solle Flicht gi fir d’Awunner.
Senger Meenung no huet d’Pandemie elo schonn ze vill Affere gefuerdert an déi global Ekonomie ze staark kompromettéiert. Et kéint ee kee weidere Risk agoen - elo misst gehandelt ginn. Heibäi sollten et Dechargë gi fir Leit, déi aus medezinesche Grënn de Vaccin net kënne maachen. Dëst sollt awer déi eenzeg Ausnam sinn, esou de Premier.
Dës Noriicht ass een Dag komm, nodeems de Morrison matgedeelt hat, dass Australien en Ofkommes mat der pharmazeutescher Gesellschaft AstraZeneca gemaach huet, fir de “villverspriechenden” Oxford-Impfstoff geliwwert ze kréien, soubal dësen déi drëtt a lescht Testphas bestanen huet.

RTL-News: Australien: Premier Scott Morrison bestellt “villverspriechende” COVID-19-Vaccin