
Wéi d’Uni e Méindeg matgedeelt huet, wieren 23.000 perséinlech Donnéeë vu Studenten a Studentinnen erofgeluede ginn. Dobäi soll et sech ënner anerem em Nimm, Adressen, Gebuertsdeeg a Mailadressen handelen.
Iwwer d’Hannergrënn vun der Dot, grad ewéi iwwer méiglech Motiver oder d’Nimm vun den Täter kéint een den Ament nach näischt soen. Dat, well d’Police den Ament nach enquêtéiere géif.
Et hätt een d’Studenten ugewisen, an nächster Zäit op méiglech Phishing-Attacken opzepassen a verdächteg Fäll ze mellen.