Zu Val d'Isère a FrankräichDräi Schifuerer duerch Lawinen an den Alpe gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
An de franséischen Alpe sinn dräi Leit ëm d'Liewe komm, déi vu Lawine verschott goufen.
Vue op Schilifter am franséische Schiresort Val d’Isère.
© PHILIPPE DESMAZES/AFP

An de franséischen Alpen sinn dräi Leit duerch zwou verschidde Lawinen ëm d’Liewe komm. Am Val d’Isère goufen zwee Schifuerer déi hors-piste ënnerwee waren, ënnert zwee an engem hallwe Meter Schnéi begruewen. Si ware mat engem Grupp ënnerwee, deen op der Piste bliwwe war. Wéi déi zwee net zeréckkomm sinn, goufen d’Rettungsdéngschter alarméiert. D’Männer konnte just duerch hiren Handy lokaliséiert ginn, mee all Hëllef koum ze spéit. Béid konnte just nach dout gebuerge ginn.

Ronn 60 Kilometer weider ass e Mann zu Arêches-Beaufort verschott ginn. Och hie war hors-piste ënnerwee. Eng zweet Persoun, mat där hien ënnerwee war, konnt mat schwéiere Blessuren um Kapp an d’Spidol bruecht ginn.

Meteorologe warne virun dem aktuell héije Lawinerisiko uechter de ganzen Alperaum. Et gëllt déi zweethéchst Warnstuf.

Back to Top
CIM LOGO