Repercussiounen op Frontaliere méiglechDäitsch Bauere ginn e Méindeg op d'Strooss, Protester och am Grenzgebitt

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem a Rheinland-Pfalz, deemno och an a ronderëm Tréier zum Beispill, sinn e Méindeg 8. Januar, grouss Protestaktioune virgesinn.
© AFP (Archiv)

An Däitschland ginn d’Bauere wéinst de Steieren op d’Strooss, respektiv si fuere mat hiren Trakteren, fir géint déi geplangte Kierzunge bei de staatlechen Agrikultur-Subventiounen ze protestéieren. Och a Rheinland-Pfalz, deemno och an a ronderëm Tréier zum Beispill, sinn e Méindeg 8. Januar grouss Protestaktioune virgesinn. Nieft Tréier sinn och zu Bitburg, Daun a Wittlich Aktioune geplangt. Och d’Stad Tréier verweist op d’Problemer, déi duerch d’Aktioun vun de Baueren op d’Leit wäert duerkommen.

D’Police vun Tréier huet dowéinst och en Informatiounsschreiwes erausginn.

D’Police vun Tréier huet dann och e Whatsapp-Kanal opgemaach, fir d’Leit iwwert déi aktuell Situatioun z’informéieren.

Och am Saarland wäert et e Méindeg zu grousse Protestaktioune kommen. Geplangt ass hei ënnert anerem e Stärentour bis bei d’Schlass zu Saarbrécken. Och hei huet d’Landespolizeipräsidium Saarland e Schreiwes mat Informatioune publizéiert.

D’Protestaktioune kéinten opgrond vun der héijer Unzuel u groussen Trakteren a Camionen och Auswierkungen op de Verkéier an an aus Richtung Lëtzebuerg hunn. Op Nofro hin huet et vun der Police vu Mäerzeg (Merzig) geheescht, datt een aktuell awer keng Informatioune virleien hätt, datt et zu Protestaktiounen op der däitsch-Lëtzebuerger Grenz komme soll. Dat wëll awer net heeschen, dass et net zu där Aktioune komme wäert. Egal wéi riskéiert et méi lues am Trafic ze lafen, well d’Trakteren a Camionen am Konvoi wëllen op déi verschidden Demo-Rendezvouse fueren, dat dann och iwwert d’Autobunnen. Och d’Leit déi aus Däitschland wëllen z.B. op de Fluchhafen um Findel fueren, sollte sech mat Zäiten op de Wee maachen.

Am Trafic-Info vum ACL war um Freideg den Owend scho folgende Saz ze liesen:

-ATP : Gréissere Streik e Méindeg, 08.01.2024 an Däitschland. Et kann zu Perturbatiounen am Stroosseverkéier kommen, esou dass een och bei den Transfrontaliers Linnen an am Zuchverkéier fir de Méindeg mat Verspéidungen an Ausfäll rechne muss.

E Samschdeg scho solle sech Trakteren a Camionen zu Saarburg zesummefannen, fir ze demonstréieren.

D’Bauere wëllen un hire Pläng festhalen, obwuel d’Bundesregierung en Donneschdeg erkläert hat, si géing en Deel vun de Kierzungen annuléieren.

Zum Beispill wäert d’Steierbefreiung fir landwirtschaftlech Gefierer net ofgeschaaft ginn an de Steierkredit fir den Agrar-Diesel géif schrëttweis ofgeschaaft ginn, net direkt.

Ma déi Versprieche ginn der däitscher Bauerenzentral net wäit genuch. Si fuerdert, dass déi “Steiererhéijunge” komplett géifen zeréckgezu ginn.

Wéi rosen d’Baueren an Däitschland sinn, weist eng ëmstridden Aktioun um Donneschdeg.

An der Uertschaft Schlüttsiel am Bundesland Schleswig-Holstein hate Baueren de Wirtschaftsminister Robert Habeck dru gehënnert, eng Fär ze verloossen. De Vizekanzler huet dowéinst zeréck op Hallig Hooge misse fueren.

Méi ewéi Honnert Demonstrante wieren dobäi gewiescht, mellt d’Police. 30 Beamte wieren am Asaz gewiescht an et gouf Pefferspray agesat.

D’Aktioun gouf parteiiwwergräifend kritiséiert.

Back to Top
CIM LOGO