
Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul huet sech no engem Treffe mat sengem amerikaneschen Homolog Marco Rubio zouversiichtlech gewisen, datt een eng Léisung zu Grönland am Kader vun der NATO géif fannen. Op d’Fro iwwer d’Menacë vum US-President Donald Trump, datt d’USA Grönland och mat Gewalt géifen iwwerhuelen, sot de Wadephul e Méindeg zu Washington, datt et “keng Indice gëtt, datt dëst eng eescht Optioun wier”.
An der NATO gëtt et e gemeinsaamt Interessi, fir sech ëm d’Sécherheetsfroen am arktesche Raum ze këmmeren, esou de Wadephul weider. D’Allianz entwéckelt dofir elo konkret Virschléi. “D’Bereetschaft dozou, dës Froen am Kader vun der NATO ze diskutéieren, déi ass selbstverständlech vun alle Säite do an Däitschland wäert och probéieren, säi Bäitrag ze leeschten”, esou den Ausseminister vun eisen Noperen.
De Wadephul begréisst iwwerdeems déi geplangt Gespréicher tëscht der dänescher an der amerikanescher Regierung dës Woch. Hien huet “keen Zweiwel drun, datt dëst an engem frëndschaftlechen a partnerleche Kader geschéie wäert.”
Den CDU-Politiker huet och Interpretatiounen zeréckgewisen, datt d’USA sech ënnert dem Trump vun de westleche Wäerter distanzéieren. D’USA stéingen an der NATO “un der Säit vun Europa” a wieren “voll a ganz drop ausgeriicht, Recht a Fräiheet an der westlecher Welt ze verdeedegen”, esou de Minister weider. “Doru gëtt et keen Zweiwel an ech roden eis Europäer och dozou, net un deene Saachen ze zweiwelen, un deenen och zu Washington net gezweiwelt gëtt.”
Weider Theme am Gespréich mam Marco Rubio waren deemno den Iran, d’Ukrain an d’Situatioun am Venezuela. Den US-Ausseminister huet erkläert, béid Chefdiplomate wiere sech eens ginn, datt Venezuela “net nach méi laang e wichtege Punkt fir d’Aktivitéite vun eise Géigner weltwäit” dierft sinn an den Iran keng Nuklearwaffe dierft kréien oder dierft entwéckelen. De Wadephul huet sech an deem Zesummenhang fir verschäerft EU-Sanktioune géint den Iran ausgeschwat.
No dësem Meeting ass geplangt, datt de Johann Wadephul op New York flitt, fir sech do mam UN-Generalsekretär Antonio Guterres ze treffen.