Däitsche Staatsbierger zum Doud verurteeltDäitschland a Belarus si mateneen a Gespréicher

RTL Lëtzebuerg
Vu belarussescher a vun däitscher Säit gouf de Fall vum 30 Joer ale Mann confirméiert, dee soll higeriicht ginn.
Eng Archivfoto vu Minsk.
Eng Archivfoto vu Minsk.
© AFP/Archiv/Alexander NEMENOV

D’Mënscherechtsorganisatioun Wjasna hat doriwwer beriicht. Nodeems den däitsche Staatsbierger a Belarus zum Doud verurteelt gouf, weist Minsk sech bereet fir Verhandlunge mat Däitschland.

De Mann wier wéinst Terrorismus a Söldnertum verurteelt ginn, sou e Spriecher vum belarusseschen Ausseministère. Hien huet awer just vun engem Urteel geschwat an d’Doudesstrof net genannt. Et wier een a Kontakt mat der däitscher Säit an hätt Léisungsvirschléi presentéiert. Vum däitschen Ausseministère heescht et, de Mann géing betreit ginn an de Ministère an d’Ambassade zu Minsk géinge sech intensiv fir hien asetzen.

Wéi et heescht soll den 30 Joer alen Däitschen am Krich un der Säit vun der Ukrain gekämpft hunn. De Belarus hëlt am Krich zwar offiziell eng neutral Haltung un, ma d’Land huet Moskau schonn e puermol ënnerstëtzt. Ënnert anerem war et iwwer belarusseschen Terrain, datt russesch Zaldoten an d’Ukrain amarschéiert sinn.

Belarus ass dat eenzegt europäescht Land, an deem d’Doudesstrof nach applizéiert gëtt, iwwert e Schoss an d’Genéck. Bis elo si keng Fäll bekannt, a deenen Auslänner higeriicht goufen. Observateure ginn awer dovunner aus, datt auslännesch Prisonéier net ouni Géigeleeschtung fräi gelooss ginn.

Back to Top
CIM LOGO