No Annonce vun Trump-StroftaxenDänemark sicht Kontakt mat Alliéierten, Europa warnt virun Eskalatioun

RTL Lëtzebuerg
Déi europäesch Länner, déi vum US-President Trump wéinst hirer Ënnerstëtzung vu Grönland mat Stroftaxe menacéiert goufen, warne virun enger Eskalatioun.
© KRISTIAN TUXEN LADEGAARD BERG/NurPhoto via AFP

Dänemark sicht de Kontakt mat sengen enksten europäeschen Alliéierten, nodeems den Donald Trump e Samschdeg Stroftaxe géint déi europäesch Länner annoncéiert huet, déi wëlle verhënneren, datt hie sech Grönland hëlt.

D’Insel an der Arktis gehéiert jo zu Dänemark. Den däneschen Ausseminister Lars Lokke Rasmussen gëtt e Sonndeg an der norwegescher Haaptstad Oslo empfaangen, e Méindeg geet et da virun op London an en Donneschden ass hien zu Stockholm.

Paräis ass och vun amerikanesche Stroftaxe viséiert an de franséische President Emmanuel Macron mécht eng Demande fir dat sougenannten Anti-Zwangsinstument z’aktivéieren. Dat Instrument erlaabt et der EU, Géigemesuren ze huelen, wa wirtschaftlechen Drock gemaach gëtt, fir politesch Decisiounen duerch ze kréien.

Betraffen europäesch (Nato-)Länner warne virun Eskalatioun

Nodeems den US-President Trump e Samschdeg Stroftaxen annoncéiert hat, hunn elo Däitschland, Dänemark, Finnland, Frankräich, Holland, Norwegen, Schweden a Groussbritannien an enger gemeinsamer Erklärung reagéiert an dem Trump seng Menacen zeréckgewisen. “Douane-Menacen ënnergruewen déi transatlantesch Bezéiungen an droen de Risk vun enger Eskalatioun.” Gläichzäiteg hunn d’Länner - déi all zu der Nato gehéieren - am Schreiwes betount: “Mir sinn decidéiert, eis Souveränitéit ze behalen.”

Back to Top
CIM LOGO