Riskant Coronavirus-MutatiounDänemark wëll Milliounen Näerze schluechten

RTL Lëtzebuerg
Well an Dänemark eng mutéiert Form vum Coronavirus entdeckt ginn ass, sollen am Land elo alleguer d'Näerzen doutgemaach ginn. Si droen de Virus a sech.

No Corona-Ausbréch an e puer Zuuchtbetriber huet Dänemark d’Schluechtung vun allen Näerzen am Land ugekënnegt. Bei den Déiere wär zum Deel eng mutéiert Form vum Coronavirus entdeckt ginn, déi op de Mënsch iwwerdroe kéint ginn, sou d’Regierungscheffin Mette Frederiksen e Mëttwoch.

“Et ass noutwenneg, alleguer d’Näerzen ëmzebréngen”, huet si betount. Et géing de Risiko bestoen, datt de mutéierte Virus méiglech Impfunge géing onwierksam maachen.

Dänemark ass weltwäit dee gréissten Exporteur vun Näerzpelzer. D’Schluechtung vun den Déiere soll “esou séier wéi méiglech” ufänken, sou den dänesche Chef vun der Police Thorkild Fogde. Hien huet awer zouginn, datt dat bei 15 bis 17 Milliounen Näerzen op iwwer 1.000 Häff eng grouss Erausfuerderung wär.

De Coronavirus gouf bis ewell bei 207 Betriber nogewisen, an enger Partie Fäll an enger mutéierter Form. 12 Mënschen hu sech den Autoritéiten no bis ewell scho mat der neier Form vum Virus infizéiert. D’Gesondheetsautoritéiten hunn iwwerdeems erausfonnt, datt sech de mutéierte Virus net am gläiche Mooss duerch Antikierper hemme léisst wéi seng ursprénglech Form. Domadder stellt déi nei Form eng besonnesch Bedroung duer, sou de Gesondheetsminister Magnus Heunicke.

D’Ziichter vun den Déiere ginn entschiedegt, sou de Liewensmëttelminister Mogens Jensen.

Och Holland hat no änlechen Ausbréch vum Coronavirus bei Näerzen Ufank Juni decidéiert, fir d’Déieren op de betraffenen Häff ze schluechten.

Back to Top
CIM LOGO