
“Dat gëtt kee Chrëschtdag, wéi mir et kennen”, dat huet de franséische Gesondheetsminister an engem Interview mat der Zeitung “Le Journal du Dimanche” gesot.
Et géing een elo versichen, d’Neiinfektiounen duerch déi nei Restriktiounen ze drécken, esou de Minister Olivier Véran. Fir Chrëschtdag sollt ee sech awer kee normaalt Fest erwaarden.
Parallel dozou wëll sech d’Buergermeeschtesch vu Paräis, d’Anne Hidalgo, mat anere franséische Groussstied dofir asetzen, dass déi onofhängeg, lokal Librairien nees kënnen opmaachen.
D’Chrëschtkaddoen online ze kafen, wier net solidaresch an de Grond, wisou vill Aarbechtsplazen den Ament verluer ginn, sot si op “France Inter”. Mat den néidege sanitäre Mesurë soll et méiglech sinn, d’Kultur an de lokalen Handel iwwer Waasser ze halen.
