Bréisseler GeriichtD'Atomzentral zu Tihange dierf weider um Netz bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Dat obscho kleng Rëss, sougenannt Micro-fissures, an de Reakter fonnt goufen.

E Geriicht zu Bréissel huet eng entspriechend Demande vun enger Rei Gemengen aus den Nopeschlänner zesumme mat Anti-Atom-Organisatiounen zeréckgewisen.

Hollännesch a Lëtzebuergesch Gemengen, Stied an däitsch Bundeslänner, genee wéi verschidden Aktiounsgruppen haten sech zesummegedoen, fir d’Decisioun vun der belscher Atom-Kontroll-Agence ze kippen, fir de Reakter zu Tihange 2 erëm un d’Netz ze schléissen.

De belsche Staat, d’Atom-Kontroll-Agence, genee wéi de Bedreiwer vun der Zentral „Engie Electrabel“ sinn dogéint iwwerzeegt, dass d’Zentral absolut sécher ass. Dat hätt eng entspriechend Enquête erginn, déi iwwer méi wéi dräi Joer gelaf wier.

Am Kader vum Gesetz vun 2003 iwwert d’Sortie aus der Atomenergie ass iwwregens virgesinn, dass Tihange 2 spéitstens am Juni 2023 vum Netz geholl gëtt.

Back to Top
CIM LOGO