
Dausende Mënschen hunn e Freideg den Owend zu Budapest fir d’Mediefräiheet demonstréiert, nodeems iwwer 70 Journaliste vum Noriichtesite “Index” zesummen demissionéiert hunn an nëmmen e puer Deeg, nodeems den ungaresche Premier um EU-Sommet manner streng Rechtsstaatlechkeetskrittäre fir EU-Suen areecht hat.
E Mëttwoch hat de Verwaltungsrot, Geschäftsleit aus dem Premier Victor Orbán sengem Déngschtkrees, de Chefredakter Szabolcs (Ssabolsch) Dull entlooss, wouropshin e Freideg déi ganz Chefredaktioun an de Gros vun de Mataarbechter gekënnegt hunn.
Den Online-Noriichtesite, deen all Dag vun enger 1,5 Millioune Mënsche gelies gëtt, huet schonn zanter e puer Joer méi oder manner indirekt Geschäftsleit gehéiert, déi vum Orbán ofhänken. Fir d’Onofhängegkeet vun der Redaktioun z’assuréieren, gouf et am Fong eng Stëftung, déi tëscht Redaktioun a Verwaltung geschalt war - eng Konstruktioun, déi awer éischter fragil war. Kierzlech hat de Verwaltungsrot versicht, de Contenu vum Noriichtesite méi breet opzestellen - an engem Effort, e politesch z’entschäerfen. De Chefredakter Dull hat sech dogéint gewiert.
An Ungarn ginn et kaum Medien, déi e breede Public areechen an déi net vum Orbán a Leit aus sengem Ëmkrees kontrolléiert ginn.