No EU-EenegungDausenden iresch Baueren demonstréiere géint Mercosur-Handelsofkommes

AFP, iwwersat vun RTL
No der EU-Eenegung op d'Fräihandelsofkommes mat de südamerikanesche Mercosur-Staaten hunn dausende Baueren e Samschdeg dogéint demonstréiert.
Nach der Einigung der EU auf das Freihandelsabkommen mit den südamerikanischen Mercosur-Staaten haben am Samstag mehrere tausend Landwirte gegen das Abkommen demonstriert. In Athlone im Zentrum von Irland versammelten sich Bauern mit ihren Traktoren.
D’Baueren hu sech zu Athlone am Zentrum vun Irland mat hiren Traktere versammelt.
© AFP

Am Zentrum vun Irland hu sech d’Bauere mat hiren Traktere versammelt, un deene si Schëlder mat Opschrëfte wéi “Nee zu Mercosur” oder “Ënnerstëtzung fir d’iresch Bauere” fixéiert haten.

Déi 27 EU-Memberstaten hate sech e Freideg majoritär op d’Fräihandelsofkommes gëeenegt, dat no 25 Joer Verhandlungen. Ënner anerem Frankräich an Irland hunn dogéint gestëmmt. D’Ofkommes soll de 17. Januar a Paraguay ënnerschriwwe ginn.

D’iresch Bauere refuséieren d’Ofkommes mat grousser Majoritéit, aus Angscht, dass zousätzlech 99.000 Tonne vu mannerwäertegem Rëndfleesch aus Südamerika kéint importéiert ginn. De Chef vum iresche Bauereverband IFA Francie Gorman huet erkläert: “Mir erwaarden, dass d’iresch Europadeputéiert sech hannert eis stellen an d’Mercosur-Ofkommes refuséieren”. D’EU-Parlament muss dem Handelsvertrag nach zoustëmmen.

Am Kär gesäit d’Ofkommes tëscht der EU an de Mercosur-Staate Brasilien, Argentinien, Paraguay an Uruguay d’Ewechfale vun de meeschten Taxe vir. D’Kommissioun versprécht sech dovun eng Hausse beim EU-Export a südamerikanesch Länner vu bis zu 39 Prozent. Iwwerdeems d’Europäer ënner anerem Autoen a chemesch Produiten iwwert den Atlantik exportéieren, liwweren d’Mercosur-Länner haaptsächlech landwirtschaftlech Produiten a Rostoffer an Europa.

Trotz sëllegen Zougeständnesser duerch d’EU-Kommissioun gesi vill Baueren d’Ofkommes weiderhin immens kritesch. An hire Ae riskéiere si, de Kierzeren ze zéie géint méi bëlleg Produiten, déi méiglecherweis net den europäesche Produktiounsstandarden entspriechen. E Freideg haten och a Polen, Frankräich an an der Belsch Bauere géint Mercosur demonstréiert.

Back to Top
CIM LOGO