Pressekonferenz vun der GemengD'Bar zu Crans-Montana gouf scho fënnef Joer net méi kontrolléiert

Annick Goerens
No der déidlecher Brandkatastroph zu Crans-Montana gouf et um Dënschdegmoien eng Pressekonferenz vun der Gemeng, bei där annoncéiert gouf, datt d'Bar zanter fënnef Joer net méi kontrolléiert gi war.
De Buergermeeschter vu Crans-Montana bei der Pressekonferenz um Dënschdegmoien.
De Buergermeeschter vu Crans-Montana bei der Pressekonferenz um Dënschdegmoien.
© FABRICE COFFRINI/AFP

D’Bar zu Crans-Montana gouf scho 5 Joer net méi kontrolléiert / Annick Goerens

40 Leit sinn dout, 116 goufe schwéier blesséiert an dovunner sinn der 83 aktuell nach am Spidol: d’Tragedie, déi sech an der Silvesternuecht zu Crans-Montana ofgespillt huet, stécht de Schwäizer nach déif an de Schanken. Iwwerdeems leeft d’Enquête an et ginn ëmmer weider Detailer zum déidlechen Tëschefall bekannt.

Detailer aus der Enquête selwer gëtt ee vun offizieller Säit natierlech net gewuer, mee de Moie war eng Pressekonferenz vun der Gemeng Crans-Montana. An do huet sech erausgestallt, dass et e Manktem u Sécherheetskontrolle gouf. Zwar goufen et an der Gemeng am Joer 2025 iwwer 14.000 Brandschutz-Kontrollen, mee déi lescht Kontrollen am Bar “Le Constellation”, wou sech den tragesche Brand zougedroen huet, goufen 2018 an 2019 gemaach.

An deemools war et deen hei Constat, wéi den Nicolas Féraud, Buergermeeschter (lokal President genannt, ndlr) vun der Gemeng Crans-Montana, erkläert: “De Rapport huet keng Mentioun vun engem Problem mam “Revêtement phonique” [der Mousse um Plafong, ndlr] gemaach. [...] Wéi dir feststellt, goufe keng reegelméisseg Kontrollen tëscht 2020 an 2025 gemaach. [...] Mir bedaueren dat op d’Batterst.”

An der Lescht gouf och dacks spekuléiert, et hätt net genuch Noutausgäng ginn. Dat stëmmt awer net: D’Unzuel vun den Noutausgäng war adaptéiert fir 100 Persounen uewen an 100 Persounen ënnen am Bar ze hunn. Mee natierlech misst een nach erausfannen, ob d’Konditioune vun den Noutausgäng agehale goufen. Do misst een op d’Resultat vun der Enquête waarden.

Um Schwäizer Sender RTS ass e Méindeg den Owend eng investigativ Reportage gelaf, déi sou munch Detailer geliwwert huet, bei deenen engem d’Schudderen iwwert de Réck lafen. An dem Reportage ass e Video ze gesinn vun 2019 vun enger Cliente, déi genee dat nämmlecht Bild weist: Schampes- oder Cremantsfläsche mat decke Späizmännercher drop – am Reportage schwätzen se carrement vu bengaleschem Feier op de Fläschen – déi vill ze no laanscht d’Mousse um Plaffong sträifen. An e Serveur dee jäizt “Attention à la mousse”.

De Problem war bekannt, mee d’Personal hätt ni iergendwellech Consignë kritt, sou heescht et vun engem Ex-Serveur, deen anonym am Reportage zu Wuert kënnt. Donieft mécht de Mann däitlech Reprochen, wat den Noutausgang ugeet.

Hei déi nogeschwate Stëmm aus dem Reportage: “Et gouf een Noutausgang, mee mir hate keen Accès drop. Mir konnte se net opmaachen, se war zougespaart. Ech erënnere mech dorun, dass ech doriwwer genervt war, well fir d’Poubellen oder d’Glieser erauszebréngen hunn ech all Kéiers missten eropgoen.”

De Video wier “effroyable et effrayante”, sou de Buergermeeschter vun der Gemeng Crans-Montana: “De Video weist d’Noléissegkeet vum Exploitant an der Gestioun vu sengem Etablissement. An dat weist natierlech och, dass et eng Récksiichtslosegkeet gouf, déi och all Kontroll-Méiglechkeet depasséiert. Dat si Praktiken, déi souwuel d’Clienten, wéi och d’Personal a Gefor bréngen.”

De Bar gehéiert enger franséischer Koppel, déi nach op fräiem Fouss sinn, mee géint déi zanter e Samschdeg fir “Homicide par négligence, lésions corporelles par négligence et incendie par négligence” enquêtéiert gëtt.

De Buergermeeschter vu Crans-Montana sot en Dënschdeg de Moien nach, hie géing net zerécktrieden. Et wier un der Justiz erauszefannen, wéi e Manktem zu dësem Drama gefouert huet. D’Gemeng huet och annoncéiert, dass d’Benotze vu pyrotechneschem Material an zouene Reim bis op Weideres an der Gemeng verbuede bleift.

Back to Top
CIM LOGO