Brandkatastroph zu Crans-MontanaWat ass e "Flashover" a wéi uerg kënne Brandblessure sinn?

Claude Zeimetz
Nom dramatesche Brand mat ronn 40 Doudegen an 119 Blesséierten an der Silvesternuecht zu Crans Montana enquêtéieren d'Autoritéiten aus dem Schwäizer Wallis an all Richtungen.
En Experiment 2019 a China, mat deem e sougenannte "Flashover" demonstréiert gouf.
En Experiment 2019 a China, mat deem e sougenannte “Flashover” demonstréiert gouf.
© CAI YANG/Xinhua via AFP

D’Hypothees vun de Späizmännercher op der Schampesfläsch, déi d’Feier ausgeléist hunn, well se ze no un de Plaffong komm sinn, géif sech awer konkretiséieren, sou déi zoustänneg Procureure e Freideg virun der Press. D’Flamen hunn duerno schlagaarteg ëm sech gegraff. Mir hunn nogefrot, wat et mam Phänomen vu sou engem sougenannte “Flashover” op sech huet.

Wat ass e “Flashover” a wéi uerg kënne Brandblessure sinn? / Rep. Claude Zeimetz

Vun engem “Flashover” schwätzt een wa Feier, wéi am Keller zu Crans-Montana, schlagaarteg ausser Kontroll geréit. De Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder schwätzt vun enger explosiounsaarteger “Duerchzündung”.

“Wann Dir e Raum hutt, an deem et brennt, wou vill brennbar Materialie sinn, déi eeben amgaange sinn ze brennen oder Feier fänken, entstinn natierlech ganz vill Brandgasen. Déi Brandgasen, déi sammele sech un. Vum Plaffong Richtung Buedem fëllt de Raum sech mat Brandgasen. An doduercher, datt et jo dann an deem Raum brennt, ginn déi Brandgasen ëmmer méi waarm. An et ass dann dee Moment esou, wann déi Brandgasen eng gewëssen Temperatur erreecht hunn, dann zünden déi Brandgase selwer duerch. An dat kann ee sech als eng grouss Stéchflam virstellen.”

Dobäi kënnen d’Temperaturen op iwwer 1.000 Grad klammen. 50 Blesséierter gi bis e Sonndeg an d’Ausland a spezialiséiert Zentere geflunn. Vill hu mat ganz uerge Blessuren ze kämpfen, déi eng laang Prise en charge no sech zéien dierften, erkläert den Dokter Jean Uhrig vun der Air Rescue.

“Hei kann een dovun ausgoen, dass déi iewescht Loftweeër plus d’Longe mat verbrannt sinn, an natierlech e groussen Deel vun der Haut. Dat setzt viraus, wann d’Problemer sinn um Niveau vun de Longen, dass een déi Patienten oft deeglaang, heiansdo wochelaang muss kënschtlech beootmen, mat alle Risikoen, déi déi Beootmung duerstellt. Dono ginn se x -mol operéiert.”

D’Air Rescue huet e Freideg den Owend zwee vun den Affer aus de Schwäiz op Leipzig geflunn. Weiderer dierften nokommen. Eng Solidaritéit, déi och aner Länner gewisen hunn an déi d’Schwäiz absolut ze schätze weess. De President vum Kanton Wallis Mathias Reynard:

“L’humanité aujourd’hui a pris le relais. Elle s’ajoute au professionnalisme de nos équipes et permet un élan de solidarité sans précédent dans la prise en charge des victimes.”

Bis déi genee Ëmstänn vum Drama gekläert sinn, dierft et nach eng Zäitchen daueren. Den zoustännege Parquet versprécht, alles genee z’iwwerpréiwen. Vun den Aarbechten, déi an der Bar gemaach goufen, iwwer d’Sécherheetsmesuren, d’Material wat verbaut gouf an d’Zuel vun de Leit, déi gefeiert hunn. Inculpéiert gouf bis elo nach keen.


Weider Artikelen zum Theema:



Back to Top
CIM LOGO