Appell vum Annelies VerlindenD'Belsch sollen net op Lëtzebuerg iesse kommen

RTL Lëtzebuerg
Op der flamännescher Tëleeschaîne VRT huet déi belsch Inneministesch Annelies Verlinden hir Matbierger opgefuerdert, d'Land net onnéideg ze verloossen.

Am Journal vum Sender e Sonndeg den Owend goufen explizitt d’Beispiller genannt vu Leit, déi an Holland akafen oder hei zu Lëtzebuerg an de Restaurant ginn.

D’Corona-Mesuren an der Belsch si jo relativ strikt. Verschidde Commerçanten hu missen zoumaachen. D’Grenze sinn allerdéngs nach op, och wann et Recommandatioune fir Reese ginn. Et wär net solidaresch, fir elo déi aner Säit vun de Grenze Saachen ze maachen, déi an der Belsch net erlaabt sinn, huet déi federal Inneministesch Annelies Verlinden argumentéiert.

Op Twitter huet si duerno den Appell un d’Belsch Awunner widderholl, just iwwer d’Grenz ze goen, wann et wierklech néideg ass. Caféen, Restauranten an Kommissioune maache wäre keng essentiell Grënn, heescht et vun der belscher Inneministesch Annelies Verlinden.

Back to Top
CIM LOGO