
Zu London gesi sech um Méindeg de brittesche Premier Starmer, de franséische President Macron an den däitsche Bundeskanzler Merz mam ukrainesche President Selenskyj. Am Fokus steet den US-amerikanesche Friddensplang, iwwert deen zanter elo schonn annerhallwer Woch intensiv berode gëtt. Knackpunkte wieren weider territorial Froen an d’Sécherheetsgarantien.
Den US-President Trump huet säi Plang e Sonndeg den Owend zu Washington nees iwwerschwänglech gelueft, an och gesot, dass Russland deem Ganze senger Meenung no, géif zoustëmmen. Vu Moskau gëtt et bis ewell awer guer keng offiziell Positioun.