Ukrain-Krich"D’Chance op Fridden ass real"

Céline Eischen
D'Verhandlungen ronderëm en Enn vum Krich an der Ukrain wiere produktiv an et wier een e gutt Stéck weider komm.
© THOMAS FREY/dpa Picture-Alliance via AFP

Dat ass emol de Message vun enger Rei Europäesche Regierungscheffen, déi e Méindeg mat amerikanesche Regierungsvertrieder an dem ukrainesche President Selensyki zu Berlin fir Gespréicher zesummekomm sinn.

“D’Chance op Fridden ass real” - Reportage Céline Eischen

D’Chance fir de Fridden wier esou real wéi nach ni, esou Messagen vun Trump, Merz an aneren europäesche Spëtzepolitiker. Op enger Pressekonferenz e Méindeg den Owend mam Ukrainesche President Selenskyi huet den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz dëst ënnerstrach: “Wir haben in den vergangenen Tagen eine große diplomatesche Dynamik, vielleicht die gröβte seit dem Beginn des Krieges am 24. Februar 2022, erlebt. Wir haben jetzt die Chance auf einen echten Friedensprozess für die Ukraine.”

Een Duerchbroch wiere virun allem d’Sécherheetsgarantie fir d’Ukrain, déi déi amerikanesch Negociateuren Witkoff a Kushner e Méindeg zu Berlin presentéiert hätten. D’Ukrain huet jo uginn, op een NATO-Bäitrëtt wëllen ze verzichten, ma d’Land bräicht dofir awer am Fall vun eventuellen zukünftegen Ugrëff-Garantien: “Dieser Waffenstillstand muss duerch substanzielle rechtliche und materielle Sicherheitsgarantien der USA und der Europäer abgesichert sein. Was die USA hier in Berlin an rechtlichen und an materiellen Garantien auf den Tisch gelegt haben, ist wirklich beachtlich.”

No de Verhandlunge vun de leschten Deeg schielt sech awer eraus: Bei alle Fortschrëtter an de Gespréicher hänkt d’Fro vum Fridden awer haaptsächlech dovunner of, wéi déi territorial Froe gekläert ginn, esou nach de Friedrich Merz: “Eine Schlüsselfrage bleibt, welche territoriale Regelung es geben kann. Auch hier sind wir einer Meinung, ohne Wenn und Aber: Die Ukraine entscheidet über solch territoriale Zugeständnisse.”

De russesche Vize-Ausseminister Sergei Ryabkov huet a senger Reaktioun op d’Verhandlungen zu Berlin d’Erwaardunge iwwerdeems scho gebremst: Russland géif net op Terraine verzichten. Gemengt sinn domat d’Donbass-Regioun, Noworossija an d’Hallefinsel Krim. Nächste Weekend sollen d’Verhandlunge, viraussiichtlech an den USA, viru gefouert ginn.

Dës Woch ass zu Bréissel dann och den EU-Sommet. D’EU-Kommissioun wëll jo dat agefruerend russescht Verméigen saiséieren an der Ukrain als Prêt zur Verfügung stellen. D’EU-Staats a Regierungscheffen mussen deem Plang awer nach gréng Luucht ginn.

Back to Top
CIM LOGO