InternationalD'Corona-Infektiounen a Brasilien bleiwe weider héich

RTL Lëtzebuerg
An de leschte 24 Stonnen sinn am südamerikanesche Land 1.349 Persounen um Covid-19 gestuerwen. Dat ass een neien traurege Rekord.

Brasilien huet sech antëscht zum neien Epizenter vun der Pandemie entwéckelt. Eng 32.550 Persounen hunn de Virus bis ewell net iwwerlieft an et gëtt méi wéi 584.000 Fäll. Sou vill wéi soss néierens ausser an den USA.

De brasilianesche President huet elo e Generol als Gesondheetsminister genannt. Zwee fréier Santésministeren haten elo schonn an der Pandemie wéinst Diskussiounen mam President iwwert den Ëmgang mam Coronavirus demissionéiert.

Och a Mexiko breet sech d’Longekrankheet den Ament séier aus. Waren et am viregte Bilan nach 470 Doudeger bannent engem Dag, sou sinn et der am leschte Bilan 1.092. Domat ginn et elo schonn iwwer 11.000 Doudesaffer a Mexiko ze bekloen.

Back to Top
CIM LOGO