
D’Corona-Kris hätt een Impakt op d’Kanneraarbecht uechtert d’Welt. Si kéint méi Kanner an d’Aarmut an an d’Kanneraarbecht dreiwen an d’Konditioune vun der Kanneraarbecht kéinten nach méi schlecht ginn, heescht et e Freideg um internationalen Dag géint d’Kanneraarbecht.
D’Vereenten Natiounen lancéieren dëst Joer eng virtuell Campagne, fir d’Konsequenze vun der Pandemie op d’Kanneraarbecht ze analyséieren an ze verurteelen.
Hautzedaags muss nach bal 1 Kand vun 10 schaffe goen a vun 152.000 Millioune schaffen der 72 Millioune schwéier an ënner geféierleche Konditiounen. Zënter 2000 sinn d’Zuelen erofgaangen, ma an de leschte Jore wiere se just lues méi geréng ginn.
Et schwätzt ee vun Kanneraarbecht, wann d’Kanner entweder ze jonk sinn, fir ze schaffen, oder esou schwéier schaffe mussen, datt et hirer mentaler, physescher an edukativer Entwécklung schuet. Bal d’Hallschent vun dëse Kanner si manner wéi 11 Joer al. Déi meescht Kanneraarbecht gëtt et an Afrika an an Asien. Ma och um amerikaneschen an um europäesche Kontinent gëtt et Kanneraarbecht, genee wéi an den arabesche Staaten.