David Malpass (Weltbank)D’Corona-Pandemie wäert warscheinlech eng nei weltwäit Scholdekris ausléisen

RTL Lëtzebuerg
Dat fäert op alle Fall de Chef vun der Weltbank, den David Malpass.

Et wier kloer, dass verschidde Schwellen- an Entwécklungslänner net capabel wieren, hir Scholden zeréckzebezuelen. Dernieft géif mat der Kris eng jorzéngtelaang Aarbecht fir géint d’Aarmut virzegoen, nees zerstéiert ginn. Bis d’nächst Joer géife nees 150 Millioune Leit zousätzlech ënnert déi extrem Aarmutsgrenz gedréckt ginn.

D’Weltbank wëll 12 Milliarden US-Dollar zur Verfügng stellen, fir e Covid-Impfstoff, och an den äermste Länner bereet ze stellen, wann et bis ee gëtt.

Back to Top
CIM LOGO