
Chercheure vun den amerikaneschen “National Institutes of Health” hu mat Laseren d’Aktivitéit vun den Drëpsen an engem zouene Raum gemooss. D’Wëssenschaftler ginn dovunner aus, datt all Minutt - wann een haart schwätzt - méi wéi Dausend Drëpse mat Vire produzéiert ginn. Déi kéinten tëscht 8 a 14 Minutten an der Loft bleiwen.
D’Fuerscher soen, datt d’Konzentratioun u Viren am Spaut vu Persoun zu Persoun verschidde wier. Verschiddener géifen der méi, verschiddener manner produzéieren. D’Studie gouf an engem spezielle Raum gemaach, am richtege Liewe géif d’Loftzirkulatioun an d’Temperatur och nach eng Roll spillen, sou de Magasinn “MIT Technology Review”.
Géif dës Etüd nach confirméiert ginn, da géif dat erklären, firwat sech de Coronavirus esou séier ausbreet. Dat géif dann och d’Maskeflicht wëssenschaftlech guttheeschen.
Um Site vun der Fachzäitschrëft “Proceedings of the National Academy of Sciences of the United States of America” (PNAS) kënnt Dir de Rapport vun der Etüd liesen.
