Coronavirus InternationalDe Covid-19 verbreet sech sou staark ewéi ni virdrun

RTL Lëtzebuerg
De Weekend huet d'Weltgesondheetsorganisatioun knapp 285.000 Fäll bannent 24 Stonne gemellt, wat Rekord ass.

Weltwäit leien déi confirméiert Fäll mëttlerweil zanter dem Ufank vun der Pandemie bei iwwer 16 Milliounen.

Besonnesch schlëmm betraff sinn d’USA, Brasilien oder nach Indien. Ma och an Europa verschlechtert sech d’Lag lues awer sécher.

Coronavirus international/Reportage Pit Everling

Déi Lëtzebuerger Situatioun kenne mer.

Den däitsche Robert-Koch-Institut schléit Alarm a mellt sou vill Fäll wéi zënter Wochen net méi.

D’Fransousen hunn der Deeg eng ganz Partie Clusteren an nees iwwer 1.000 Fäll pro Dag registréiert. Leit, déi aus Risikolänner kommen, musse sech op franséische Fluchhäfen teste loossen.

Déi zweet Well ass an der Belsch ukomm. Bei eisen Nopere sti weider Restriktioune virun der Dier, zum Beispill gëtt driwwer diskutéiert, fir d’Auerzäiten am Horesca-Beräich ze limitéieren.

An der italieenescher Regioun Campania – also ronderëm Neapel – gëllt vun dësem Méindeg un eng Strof vun 1.000€, wann een an ëffentlechen zouene Raim keng Mask unhuet.

A Spuenien klammen d’Zuelen, Groussbritannien reagéiert a verlaangt vun Touristen, déi aus Spuenien erëmkommen, eng Quarantän vun zwou Wochen.

An Éisträich gouf d’Masken-Obligatioun nees verschäerft.

Op der Balkan-Hallefinsel mécht d’Evolutioun Suergen, a Serbien sinn d’Zuele staark eropgaangen, hei steet d’Regierung wéinst hirem Krisemanagement staark an der Kritik.

Och a Kroatien huet de Virus sech an der Lescht staark verbreet, d’Adrialand war vun der éischter Well relativ verschount bliwwen.

A Rumänien, an der Ukrain an och nach ëmmer a Russland sinn d’Zuelen héich.

An Europa goufen et bis ewell iwwregens 2,7 Millioune Fäll a bësse méi wéi 200.000 Doudeger. Russland mat agerechent.

D’USA registréiere 4,7 Millioune Fäll bei ronn 150.000 Affer.

Nieft Amerika sinn am Moment besonnesch Brasilien, Indien awer och Südafrika staark vun der Pandemie betraff.

Och Nordkorea schéngt elo concernéiert. Bis ewell hätt et am diktatoresch-gefouerte Staat nach keen Infektiounsfall ginn, mä e Sonndeg gouf dunn awer de Krisen-Zoustand ausgeruff, well et konkret Verdachtsfäll géif ginn.

Och an Australien gëtt et den Ament eng staark zweet Well, dat obwuel de Virus no der éischter Well quasi verschwonne war.

Och a China wiisst d’Suerg virun engem neie grousse Corona-Ausbroch. Am Land, wou de Virus fir d’éischt detektéiert gouf, klammen d’Zuele sou staark ewéi zënter Abrëll net méi. A verschidde Quartiere vun der Millioune-Metropol Dalian goufe Lockdowns ordonéiert. Honnerte Flich goufen annuléiert.

Back to Top
CIM LOGO