US-SchauspillerDe Cuba Gooding Jr. gouf wéinst Vergewaltegung ugeklot

RTL Lëtzebuerg
Den Oscar-Gewënner gouf zanter leschtem Joer vun ëm déi 20 Fraen accuséiert, si sexuell belästegt ze hunn. Dozou kënnt elo eng Uklo wéinst Vergewaltegung.
© AFP

Den Ament muss sech de Cuba Gooding Jr., deem den Duerchbroch 1991 mam Film “Boyz n the Hood - Jungs im Viertel” gelongen ass, wéinst dräi vun dësen Ukloe virum Bundesgeriicht zu New York veräntwerten.

Elo huet eng anonym Fra dem amerikanesche Schauspiller virgeworf, si 2013 vergewaltegt ze hunn. Dem Bericht no soll den 52 Joer alen Gooding si no engem Patt mat op säin Zëmmer an engem Hotel zu Manhattan, New York, geholl hunn. Do hätt de Schauspiller, deen 1997 fir seng Roll als Rod Tidwell am Film “Jerry Maguire” mam Oscar ausgezeechent gouf, si dru gehënnert, d’Zëmmer ze verloossen an hätt ugefaangen, sech auszedoen, éier hie si zwee Mol vergewaltegt hätt.

D’Mandantin géif sech drop freeën, Gerechtegkeet viru Geriicht ze kréien, huet hir Affekotin, d’Gloria Allred, der AFP en Dënschdeg matgedeelt. Zil wier et, eng net genannten Entschiedegungszomm ze kréien.

Iwwerdeems seet dem Schauspiller säin Affekot, den Mark Jay Heller, dass des Accusatiounen “falsch” sinn a geet dovunner aus, dass de Fall verworf gëtt.

De Gooding ass ee vu ville Hollywood-Personnagen, deen am Kader vun der Me-Too-Beweegung wéinst sexueller Belästegung ugeklot gouf. Seng Geriichtsaffär, déi am Abrëll hätt solle sinn, ass wéinst der Covid-Kris fir onbestëmmten Zäit verréckelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO