
Hie war 33 Joer laang d’Gesiicht vum 13-Auer-Journal um éischte Fransous, elo ass de Presentateur a Journaliste Jean-Pierre Pernaut un de Suitte vu Longekriibs gestuerwen, nëmmen dräi Joer nodeems hie Prostatakriibs bekämpft hat.
No sengem Depart bei TF1 hat de Pernaut seng eege Web-TV-Firma op d’Bee gestallt, an do déi Sujeten traitéiert, déi him an der Zäit bei TF1 besonnesch um Häerz louchen. Och bei sengem fréiere Sender ass een déif betraff vun der Nouvelle.