PortugalDe Groussraum vu Lissabon ass nees am Lockdown

RTL Lëtzebuerg
Ronderëm d'portugisesch Haaptstad sinn d’Zuele vu confirméierten Covid-Infektiounen an der Läscht nees massiv an d’Luucht gaangen.

De Premier Antonio Costa huet en Donneschdeg matgedeelt, dass d’Leit nees mussen Doheem bleiwen, wa se net onbedéngt mussen eraus.

Erlaabt si just Sortië fir akafen ze goen, op d’Schaff oder fir bei den Dokter.

Am Moment wieren ronderëm Lissabon eng 18.000 confirméiert Fäll vum Coronavirus ze verzeechnen a ganz Portugal läit d’Zuel nei eppes iwwer 40.000.

Back to Top
CIM LOGO