ProstitutiounsverbuetDe Kölner Mega-Puff "Pascha" ass faillite

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet de Chef vum Etablissement op 11 Stäck an am Ganzen 9.000 Quadratmeter faillite um Amtsgeriicht Köln deklaréiert.

De wuel gréisste Puff an Europa ass an der Corona-Kris massiv un d’Struewele geroden. Zanter iwwer 5 Méint gëtt et an Däitschland nämlech e Prostitutiounsverbuet. De Pascha, an deem all Dag bis zu 100 Frae schaffen, konnt seng Käschten, ënner anerem de Loyer, net méi decken. “Et ass iergendwéi onvirstellbar, awer ech hunn d’Faillite en Dënschdeg beim Amtsgeriicht agereecht - mir sinn um Enn”, sou den Armin Lobscheid.

De Chef vum Pascha kritiséiert d’Politik fir hir Strategie, de Verbuet fir sexuell Déngschtleeschtungen ëmmer nees ze verlängeren. Eng Reouverture wier onméiglech gewiescht ze plangen. Mat Hëllef vun de Banken hätt een d’Faillite nach kënne verhënneren, wann een zum Beispill gesot kritt hätt, dass een Uganks nächst Joer de Betrib nees hätt kënnen opmaachen. All Mënsch géing wëssen, dass d’Geschäft mam keefleche Sex weidergeet, wann d’Restriktioune opgehuewe ginn.

© AFP

Dat blot Héichhaus besteet aus e puer honnert Appartementer, an deenen déi Prostituéiert schaffen. Dobäi kënnt nach eng eegen Infrastruktur aus Restaurant, Bistroen, Wäschsalon, Hausmeeschter-Service, Sonnestudio, Schéinheetssalon, etc. Deemno schaffen do och vill Käch, Handwierker a Leit aus dem Botz-Service.

D’Branche fuerdert scho méi laang nees dierfen opzemaachen an huet virun de Suitte gewarnt, sollten d’Bundeslänner weider fir d’Zouloosse plädéieren. D’Prostitutioun géif doduerch och op en illegale an net reguléierte Niveau ofrëtschen an d’Frae wiere manner geschützt.

Back to Top
CIM LOGO