
An deem Kader solle jo e Méindeg den Owend de President Selenskyj mam US-Emissär Witkoff, dem franséische President Macron an dem brittesche Premier Starmer beienee kommen.
An der Prelude vum EU-Conseil war de Lëtzebuerger Ausseminister e Méindeg de Moien der Meenung, datt eng Friddensléisung misst “zesumme” mat der Ukrain als Kompromëss erreecht, an net als Diktat vun uewen erof bestëmmt ginn. Als Beispill virun der auslännescher Press huet de Xavier Bettel de Grand-Duché ernimmt.
Kloer Wierder huet de Lëtzebuerger Diplomatie-Vertrieder e Méindeg iwwerdeem fonnt, wat d’Fräiloossen an d’Réckféierung vun am Krich gekidnappte ukrainesche Kanner ugeet.
D’EU-Bausse-Beoptraagt Kaja Kallas huet iwwerdeem d’Gespréicher iwwert d’Notze vun de russeschen Avoiren, déi an Europa op Konte blockéiert sinn, als “ëmmer méi komplizéiert” bezeechent. An awer soll et um EU-Sommet Enn der Woch eng Léisung ginn, wéi déi 200 Milliarden Euro kënnen deblockéiert an der Ukrain geléint ginn. Mam Siège vun Euroclear ass absënns d’Belsch géint dës Pläng, mä och Italien huet Retizenzen.