
De fréiere President vun der Europäescher Zentralbank, de Mario Draghi wäert mam Karlspräis 2026 ausgezeechent ginn. Wéi et vum Comité vum Karlspräis heescht, géif mam Italieener eng Persoun geéiert ginn, déi Grousses fir Europa geleescht hätt. Besonnesch ervirgehuewen huet de Comité an deem Kontext den nom Draghi selwer benannte Rapport iwwer d’europäesch Kompetitivitéit, deen hien 2024 virgeluecht huet. An dësem hat hie gewarnt, dass d’Europäesch Unioun méi innovativ misst ginn, wa si net den Uschloss un aner Wirtschaftsmuechten ewéi d’USA oder China wéilt verléieren.
De Comité vum Karlspräis schléisst sech dem Draghi senger Analys un. D’Situatioun wier dramatesch, “Europa dreet, zum Spillball vun anere Muechten ze ginn”, heescht et an engem Schreiwes. D’Unioun kéint hir Handlungsfäegkeet nëmme sécheren, wa se méi kompetitiv géif ginn. Ekonomesch Stäerkt wier d’Basis fir alles anescht.
Den internationale Karlspräis vun der Stad Oochen gëllt als wichtegste Präis fir Verdéngschter ëm d’europäesch Eenegung. E gëtt traditionell op Christi Himmelfaart iwwerreecht. Dëst Joer ass dat de 14. Mee.