
De Mike Pence wëll weider 4 Joer mam Donald Trump als Chef, Vizepresident vun den USA bleiwen. Hien huet an der Nuecht op en Donneschdeg seng Nominatioun um Parteidag vun de Republikaner acceptéiert.
A senger Ried huet hien dono gemengt, d’Corona-Kris an den USA wier geschwënn eriwwer.
Den Joe Biden hat e Mëttwoch eréischt gesot, dass ee sech do keng Wonner dierft erwaarden, “mä hien schéngt net ze verstoen, dass d’USA d’Land vun de Wonner wär“ sou de Pence, deen de Biden och als trojanescht Päerd vun de Lénke beschriwwen huet, an als eng Gefor fir sécher US-Grenzen.

