140 Flich annuléiert an iwwer 600 Kilometer StauDe Schnéi huet Frankräich weiderhi fest am Grëff

AFP, iwwersat vun RTL
A Frankräich huet d'Wieder weiderhin e staarken Impakt op den Trafic. Iwwerdeem maache Biller vu Paräis am Schnéi op de soziale Medien d'Ronn.
Ungewöhnlich ausgiebiger Schneefall und Temperaturen unter Null haben in Frankreich am Mittwoch erneut den Verkehr beeinträchtigt. Am Vormittag fielen an Pariser Flughäfen Roissy-Charles de Gaulle (CDG) und Orly etwa 140 Flüge aus.
De Schnéi huet aktuell net nëmme Paräis fest am Grëff.
© AFP

Temperaturen ënnert dem Gefréierpunkt a vill Schnéi hunn och e Mëttwoch a Frankräich en Impakt op den Trafic. Moies sinn op de Paräisser Fluchhäfe Roissy-Charles de Gaulle (CDG) an Orly ronn 140 Flich ausgefall, well d’Start- a Landebunnen als éischt hu misse fräigemaach an entäist ginn.

Op d'mannst 140 Volle betraff
Op de Paräisser Fluchhäfen sinn eng ganz Partie Flich wéinst dem Schnéi ausgefall.

Zu Paräis si keng Busser gefuer an d’Societéit RATP, déi fir den ëffentlechen Transport an der Haaptstad responsabel ass, huet d’Leit dozou opgeruff, wa méiglech, am Homeoffice ze schaffen. Trotz dësem Appell ass et wärend dem Beruffstrafic an a ronderëm Paräis zu Staue vun am Ganzen eppes iwwer 600 Kilometer komm.

An de soziale Medien hunn iwwerdeems vill Fotoe vu Paräisser Monumenter ënnert dem Schnéi d’Ronn gemaach, en Ubléck, deen an de leschte Joren éischter seele war.

Ongewinnten Ubléck zu Paräis
De Montmartre war e Mëttwoch vu Schnéi bedeckt.
Snowboard an der franséischer Haaptstad
Dëse Paräisser huet dat Bescht aus der aktueller Wiedersituatioun gemaach.

An 38 Departementer gouf en Dënschdeg iwwerdeems déi zweethéchste Wieder-Warnstuf declenchéiert. Dem franséische Wiederdéngscht no sinn am Norden an am Weste vum Land tëschent dräi a siwen Zentimeter Schnéi gefall, an den Ardenne waren et der esouguer bis zu 15. Schonn en Dënschdeg sinn am Departement Charente-Maritime a Westfrankräich op eenzele Plaze ronn 30 Zentimeter Schnéi gefall, aussergewéinlech vill, fir dës Regioun. Stand e Mëttwochnomëtteg gëllt nach an 12 Departementer eng Alerte orange.

De Schnéi huet uechter den Hexagon bannent de leschten Deeg dann och fir eng Partie Accidenter am Trafic gesuergt. Fënnef Persoune si bei dësen ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO