Brisant Theema a FrankräichDe Senat stëmmt e Gesetz fir d'Protektioun géint Kannermëssbrauch

AFP, iwwersat vun RTL
D'Gesetz soll ursprénglech virun allem d'Situatioun vu Fleegekanner a Kanner aus Heemer verbesseren.
© SIMON WOHLFAHRT/AFP

Kanner sollen a Frankräich an Zukunft besser viru sexuellem an anerem Mëssbrauch protegéiert ginn. De Senat huet en Dënschdeg mat 260 zu enger Stëmm fir en entspriechend Gesetz gestëmmt, dat elo an déi zoustänneg Kommissioun kënnt.

Heiranner ass virun allem virgesinn, dass Vergewaltegung u Kanner an Zukunft net méi verjäert. Am Moment gëtt et eng Frist vun 30 Joer, déi vum 18 Liewensjoer u gëllt. Dat bedeit, dass eng Erwuesse Persoun bis ewell mat spéitstens 48 Joer eng Vergewaltegung a senger Kandheet signaliséiere muss, fir dass e Prozess kann ageleet ginn.

D'Gesetz soll ursprénglech virun allem d'Situatioun vu Fleegekanner a Kanner aus Heemer verbesseren, ënnert anerem duerch eng verstäerkt Kontroll an d'Ausbildung vun de Betreier.

Nom Fall Lyhanna gouf d'Gesetz du massiv erweidert: Dat 11 Joer aalt Meedche war am Juni vun engem Mann ëmbruecht ginn, géint deen eng ganz Partie Plainte wéinst Mëssbrauch virloungen, déi allerdéngs ouni Suite bliwwe sinn.

Ronn 140 Fraen- a Kannerschutzorganisatiounen hate sech dofir agesat, an engem ëmfaassende Gesetz "d'Affer an den Zentrum ze setzen".

Back to Top
CIM LOGO