WashingtonMelania Trump gesäit russesch an ukrainesch Vertrieder am Wäissen Haus

RTL mat AFP
Ouni e geneeën Datum oder Nimm ze nennen, huet d'Wäisst Haus eng Renconter vun der First Lady mat Vertrieder vu béide Krichsparteien ugekënnegt.
D'First Lady wäert sech mat russeschen an ukrainesche Vertrieder gesinn.
D'First Lady wäert sech mat russeschen an ukrainesche Vertrieder gesinn.
© LENIN NOLLY/NurPhoto via AFP

D'Melania Trump wäert "Vertrieder" vu Russland a vun der Ukrain zu Washington empfänken. D'Wäisst Haus huet dozou en Dënschdeg awer kee geneeën Datum an och keng Detailer zu de Participanten erausginn. Et ass just gesot ginn, dass et am Wäissen Haus zu enger Renconter tëscht Vertrieder vu béide Krichsparteie géint kommen an dass dat en "aussergewéinleche Moment an der amerikanescher Geschicht" géing duerstellen.

Weider huet Washington erkläert, dass d'First Lady en Donneschdeg e Statement wäert ofginn zum rezente sechs Deeg laange Waffestëllstand am Süde vun der Regioun Cherson. D'Melania Trump hat do an der russesch besater ukrainescher Stad Oleschky eng begrenzte Wafferou ausgehandelt, fir en humanitären Asaz z'erméiglechen. D'Paus vun en Dënschdeg bis e Sonndeg d'lescht Woch war déi bis ewell längsten am ganze Krich.

Den US-amerikanesche Sonner-Emissär Steve Witkoff huet iwwerdeems nei Dräier-Gespréicher iwwert de Krich an der Ukrain ugekënnegt. Vertrieder vun der Ukrain, Russland an den USA wäert sech den 10. an 11. November am Golfemirat Abu Dhabi treffe. Moskau huet déi Pläng confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO