
Et géif awer ëmmer nach d’Gefor bestoen, dass Äerdspalten an der Uertschaft Grindavik entstinn. An der Nuecht op leschte Sonndeg hat am Südweste vun Island d’Äerd gebieft, e puer Stonnen drop ass de Vulkan bei Grindavik ausgebrach gewiescht. Eng 4.000 Awunner goufen am Virfeld dowéinst och a Sécherheet bruecht.
Gliddeg, flësseg Lava ass aus dem Vulkan erausgelaf, iwwert ëm eng grouss an dicht Vollek aus Äschen. De Vulkanausbroch war ewell dee 5. an nëmmen 2 Joer. Déi leschte Kéier den 18. Dezember, hei war et déi selwecht kleng Uertschaft déi betraff war an huet missten evakuéiert ginn.
Island ass mat iwwer 30 aktiv Vulkan-System déi gréissten an aktiivste Regioun a ganz Europa. D’Insel am Nordatlantik läit um sougenannten “mëttelatlantesche Réck”, deen déi eurasesch an déi nordamerikanesch Äerd-Placken trennt. Hei kënnt et besonnesch heefeg zu Äerdbiewen a Vulkanausbréch.