Seelen ÄerdDéi europäesch Juegd op kritesch Rostoffer

RTL Lëtzebuerg
D'EU wëll hir Ofhängegkeet vu seelen Äerd aus China verréngeren an amplaz aus Australien importéieren. Mä wat ass seelen Äerd eigentlech?
© FRANK RUMPENHORST / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP

Zanter méi wéi fënnef Joer verhandelen d’EU an Australien iwwert en Handelsofkommes. An dësem Kader huet d’EU geäussert, dass si haaptsächlech u seelen Äerd aus Australien interesséiert ass. Heibäi geet et awer net ëm rare Buedem, mä ëm eng Grupp vu chemeschen Elementer, déi sougenannt Lanthanoiden.

Seelen Äerd am Alldag - Wat ass wou dran?

Op Grond vun hire physikaleschen a chemeschen Eegenschaften ass déi seelen Äerd e wichtege Bestanddeel vu villen Technologien. A minimale Quantitéite gëtt se zum Beispill a Katalysatoren, Magnéiter, Solaranlagen a Computere verbaut.

Lanthan ass dacks a Brëllen ze fannen a kënnt virun allem bei besonnesch dënne Glieser an den Asaz. Neodym suergt als Magnéit fir déi richteg Leeschtung an e bessere Bass an de Lautsprecher. Dermat mir um Fernsee net nëmme schwaarz-wäiss Biller gesinn, brauch e Flaachbildschierm eng ganz Partie Liichtstoffer wéi zum Beispill Terbium fir déi gréng Faarf an Europium fir dat Rout.

Déi guer net esou rar “seelen Äerd” - Monopol a China

Eigentlech komme se iwwerall vir, allerdéngs a klenge Quantitéiten. Gréisser, wirtschaftlech rentabel Quantitéiten, sinn éischter rar. No den Informatioune vum Däitschen Institut fir Wirtschaftsfuerschung (DIW) ass d’EU aktuell zu iwwer 90 Prozent op den Import aus China ugewisen.

Zanter den 90er Joren hu vill Länner deen net esou einfachen an dacks ëmweltschiedlechen Ofbau zréckgefuer, well déi seelen Äerd bëlleg aus China ze kréie war. Mëttlerweil wëll d’EU sech awer onofhängeg dovu maachen. Viru Kuerzem gouf e risege Gisement a Schweden entdeckt, deen dobäi eng wichteg Roll spille kéint.

Kritesch Rostoffer

Ënnert anerem huet seelen Äerd eng strategesch Bedeitung fir d’Funktiounsfäegkeet vun Technologien am Militärberäich. En amerikanescht U-Boot vun der Virginia-Klass brauch iwwer véier Tonnen u Seelen-Äerd-Materialien an e Kampfjet vum Typ F-35 iwwer 400 Kilo.

Weider Asazfelder sinn d’Loft- a Raumfaarttechnik, Iwwerwaachungssystemer a Laseren. De Gebrauch vu Seelen Äerd ass en Trend, dee keng Arméi vun den NATO-Staaten ignoréiere kann. Am Ament läit der NATO hir Ofhängegkeet fir den Import aus China bei bal honnert Prozent. Dowéinst huet d’EU seelen Äerd och als kritesch respektiv als strategesch Rostoffer agestuuft.

Quellen:

null
null

Back to Top
CIM LOGO