
De Rietspopulist Andrej Babiš ass um Dënschdeg de Moien zu Prag als neie Premier vereedegt ginn. Hie gëllt als oppen EU-skeptesch a war schonn tëscht 2017 an 2021 tschechesche Premier.
“Ech verspriechen alle Bierger vun der tschechescher Republik, mech Doheem an am Ausland fir hir Interessen anzesetzen”, sou de Babiš no sengem Amtsuntrëtt.
Enn leschte Mount huet den Andrej Babiš seng Regierungslëscht virgestallt. Dorënner ass och de Politiker Filip Turek vun der Autofahrerpartei, deen ënner Kritik steet wéinst Virwërf vu sexueller Gewalt.
De Babiš steet selwer am Fokus: Géint hie leeft e Geriichtsprozess wéinst engem presuméierte Bedruch mat EU-Subventiounen an engem méiglechen Interessekonflikt.