Bei engem normalen Debat ass et awer net bliwwen. Wéinst enger Rei Virfäll gouf e fir eng méi laang Zäit ënnerbrach. Ee vun den Regierungs-Deputéierten, de Glauber Braga, gouf vun der Police expulséiert, nodeem hien eng “Putschoffensiv” ugeprangert a sech als Protest op de Sëtz vum Chamberspresident gesat huet. D’Live-Iwwerdroung vun der Seance gouf ënnerbrach an d’Journalisten aus dem Sall geheit, wat zu weidere Reiwereie gefouert huet. An engem Communiqué huet d’Federatioun vun de Journalisten dëse “Gewaltakt op dat Schäerfst verurteelt”.
De fréiere President war viru kuerzem zu 27 Joer am Prisong verurteelt ginn, wéinst dem Versuch d’Walvictoire vum Luis Inacio Lula da Silva ze stierzen. Bei engem normalen Debat ass et awer net bliwwen.
Wann d’Gesetz vun den zwou Chambere vum Parlament géif gestëmmt ginn, géing d’Strof vum Bolsonora “vu 27 Joer an dräi Méint op ongeféier zwee Joer a véier Méint reduzéiert ginn”, sou den Deputéierte Paulinho da Força vis-à-vis vun AFP. Tatsächlech gouf de Gesetzesentworf um fréie Mëttwochmoien dann och vun den Deputéierte gestëmmt. Elo muss et nach vum Senat accordéiert ginn.
De Gesetzesentworf schwätzt offiziell vun enger “Versönung” vu Brasilien, déi och 141 Unhänger vum fréiere riets-extreeme President ze gutt komme géif, déi wéinst Attacken op Institutiounen zu Brasilia den 8. Januar 2023, e puer Deeg nom Amtsuntrëtt vum lénke President Luis Inacio Lula da Silva.
Um fréie Mëttwochmoie