“Dat ganz Land explodéiert wéinst iech. D’Leit respektéieren iech net, mee si missten awer hire President respektéieren. An der ganzer Welt gitt der net respektéiert.” Mat Ligen an Attacken huet den Donald Trump den Joe Biden vu sengem Agenda ofbruecht, ouni dass d’Journaliste vu CNN mat engem Fact-Checking gekontert hätten.
Theme wéi Wirtschaft, Recht op Ofdreiwung an Immigratioun goufe just an Usäz ëmrass, well den Joe Biden sech dozou verleede gelooss huet, selwer an d’Offensiv ze goen.
“Wéi vill Milliarden Dollar sidd Dir an Zivil-Strofe schëlleg, well dir Fraen an der Ëffentlechkeet harceléiert hutt? Well dir Sex hat mat engem Pornostar, iwwerdeems är Fra schwanger war? Vu wat schwätzt Dir? Dir hutt souvill Moral wéi e Stroossekueder.”
A laange Phase vun der Debatt awer war den Joe Biden wackeleg. En huet sech no Verschwätzer ëmmer erëm misse selwer korrigéieren an huet net konzentréiert an dacks inkoherent gewierkt.
“Mir hunn 1.000 Billionären an Amerika. Ech menge Milliardären. Mir sinn an enger Situatioun wou se 8,2% Steiere bezuelen. Wa se 24%, 25%, eng vun deenen Zuelen géife bezuelen, dann hätte mer 500 Milliounen Dollar méi. Milliarden Dollar hätt ech misse soen. Op zéng Joer.”
Bei villen Demokrate komme mëttlerweil Zweiwel op, ob den Joe Biden wierklech dee richtege Kandidat ass.
Ma de Biden huet sech awer elo verdeedegt. Hie géing zwar net méi sou gutt debattéiere wéi fréier, ma hie wéisst awer, wéi een d’Wouerecht seet. Ënnerstëtzung kritt de Biden iwwerdeems vum fréiere President Barack Obama. Schlecht Debate kéinte mol virkommen. Mee am Géigesaz zum Trump kéint de Biden Recht vun Onrecht ënnerscheeden a géing och net zu sengem eegene Virdeel léien.
Biden vs. Trump: Reprochen an Attacken dominéieren éischt Tëleesdebatt