
D’Parteiféierung huet e Mëttwoch decidéiert, dass schonn Ugangs August iwwer eng elektronesch Ofstëmmung soll decidéiert ginn, wie fir d’Partei am November als Presidentschaftskandidat an d’Course geet. Eenzeg potenziell Kandidatin ass bis ewell d’Vizepresidentin Kamala Harris, déi jo och d’Ënnerstëtzung vum President Joe Biden huet. Si hat schonn e Méindeg annoncéiert, dass genuch Delegéierter hir zougeséchert hätten, fir si ze stëmmen.
Elo hätt de Kommitee vun der Demokratescher Partei Reegele fixéiert, déi et méiglech maache géifen, scho vum éischten August un iwwert de Kandidat ofzestëmmen. Wien an d’Course fir d’Nominatioun wëll goen, muss sech bis e Samschdeg umellen. Bis den 30. Juli mussen déi potenziell Kandidaten dann noweisen, dass si d’Konditioune fir eng Kandidatur erfëllen. Dozou gehéiert ënner anerem, dass si d’Ënnerstëtzung vun op d’mannst 300 demokrateschen Delegéierten hunn.
Sollt d’Kamala Harris déi eenzeg Kandidatin bleiwen, géif den elektronesche Vott en Donneschdeg den éischten August ufänken. Am Fall, wou et nach aner Kandidate ginn, géif de Vott ëm e puer Deeg verréckelt ginn.