
Trotz groussen Sécherheetsdispositif maachen d‘Demonstranten weider Drock op de President Alexander Lukashenko. Säi Score vun 80% bei de Wale vum 8. August gëtt ferm a Fro gestallt. Hie refuséiert Neiwalen an huet Russland fir Hëllef gefrot. Déi lescht 3 Weekender waren all Kéiers bis zu méi wéi 100.000 Mënschen op Demoen an der Haaptstad Minsk. Ëmmer erëm schwätzen Demonstranten vu Folter wärend hirem Arrest.
Zu Grodno, och a Belarus, do goufen iwwregens Dosenden Demonstranten festgeholl.
