Protest wéinst Entféierung vu StudentenDemonstrante stiermen a Mexiko Presidentepalais

RTL Lëtzebuerg
Virun 10 Joer waren 43 Studenten a Mexiko verschleeft ginn. Bis haut ass net gekläert, wat mat hinne geschitt ass.
© AFP

A Mexiko hu sech Demonstrante bei engem Protest géint dat net-gekläert Verschwanne vun 43 Studente viru ronn zéng Joer gewaltsam Zougang zum Presidentepalais verschaaft. Wéi d’Tëleeschaîne Milieno Televisión e Mëttwoch gemellt huet, sinn d’Demonstrante mat engem Auto an eng Aganksdier vum Gebai zu Mexiko-Stad gerannt. De President Andrés Manuel López Obrador huet deen Ament am Gebai eng Pressekonferenz am Zesummenhang mat de verschwonnene Studente ginn.

Op den Opname si méi wéi eng Dosen Demonstranten - deels mat vermummte Gesiichter - ze gesinn, déi an de Palais eraginn. E Spriecher vum President huet erkläert, d’Demonstrante wieren “bei den Agang komm, net weider”. Engem Kameramann vun der Noriichtenagence AFP no hunn d’Zaldoten d’Demonstrante mat Tréinegas zeréckgedrängt.

Déi 43 Studente vun engem lénksgeriichten Enseignant-Seminär zu Ayotzinapa waren an der Nuecht op de 27. September 2014 an der Géigend vun der Stad Iguala verschwonnen, wéi se um Wee op eng Demonstratioun zu Mexiko-Stad waren. Vun den Enquêteuren hat et geheescht, d’Studente wiere fir d’éischt vu korrupte Poliziste verschleeft, du vu Kartellmemberen ëmbruecht an hir Iwwerreschter op enger Drecksdeponie verbrannt ginn. Bis ewell konnten awer nëmmen déi stierflech Iwwerreschter vun dräi Affer identifizéiert ginn.

Ma un dëser Versioun gouf et staark Zweiwel vun onofhängegen Experten, wouropshin de President eng Enquêtëkommissioun agesat huet. Dës huet dem Staat d’Zeréckhale vu wichtegen Informatioune virgehalen. D’Lescht Joer war et zu Festname komm.

Back to Top
CIM LOGO