
Eng gréisser Analys, wisou dat esou ass, hunn d’Korrespondente vun der ARD gemaach.
A Spuenien sëtzt de Schrecke vum Virus nach déif. Déi meeschte Spuenier kennen op d’mannst eng Persoun, déi schwéier krank war wéinst dem Covid-19 oder esouguer gestuerwen ass. Dowéinst zweiwelen och déi wéinegst Leit d’Mesurë vun der Regierung un, déi zäitweis mat déi strengsten op der Welt waren, dat mat ënner anerem enger Ausgangsspär vu bal zwee Méint. Och Politiker aus dem rietse Spektrum gräifen d’Regierung net wéinst hirer Politik un, Kritik gëtt et awer un den héijen Afferzuelen. Dobäi gesäit een hei awer och dës Politiker an der Ëffentlechkeet reegelméisseg mat Mondschutz.
D’Protester an Däitschland suergen éischter fir e Kapprëselen an och, wat fir Leit hei zesumme protestéieren, ass fir d’Spuenier, wou emol maximal 3.000 Leit géint d’Mesure protestéieren, net ze verstoen.
D’Italiener stäipen hirer Regierung an der aktueller Situatioun éischter de Réck. Biller, datt d’Kierche voller Särg leien an d’Arméi Doudeger muss oftransportéieren, ass deene meeschte Leit nach ze present. De Matteo Salvini vun de rietser Lega probéiert awer ëmmer nees déi Leit, déi d’Mesuren ze streng fannen, op seng Säit ze zéien. Hie weist sech reegelméisseg ouni Mask dobaussen, betount awer dogéint ëmmer nees, datt de Virus eng Gefor wier an d’Leit sollen op sech oppassen.
Ee Politiker geet mat sengem Protest géint d’Mesuren awer vill méi wäit. De Buergermeeschter vum Duerf Sutri huet et verbueden, fir Masken do unzehunn, wou et net per Gesetz virgeschriwwen ass. “Just Gangster an Terroriste géifen hiert Gesiicht net weisen” esou d’Erklärung.
Bei eise franséischenNoperen dogéint gëtt zu Protester opgeruff. Ma anescht wéi zu Berlin, wou iwwer 30.000 Leit dobäi waren, waren et zu Paräis e puer honnert Persounen. De “grousse” Protest a Frankräich fënnt een am Internet, dorënner an enger Facebook-Grupp, déi sech géint d’Undoe vu Masken asetzt. Ma och an dëser Grupp fënnt een haaptsächlech Verschwierungstheoretiker, déi an allem e Komplott gesinn. Ma am Verglach mat de Gilets Jaunes ass dës Grupp awer enorm kleng.
Der Regierung gëtt hei virgeworf, grad vu riets, datt si d’Leit wëssentlech belunn hunn, wou si am Ufank vun der Kris gesot hunn, datt eng Mask sënnlos wier. Anescht, wéi an Däitschland, wou d’AFD jo géint d’Mesuren an d’Masken ass, huet d’Marine Le Pen sech ëmmer fir méi staark Corona-Mesuren an eng Maskeflicht agesat.