
Mat Bléck op déi aktuell Lag wier et dëst Joer net méiglech, den Optakt vun der Karneval-Saison traditionell ze feieren. Mat engem Alkoholverbuet wëll d’Stad Köln verhënneren, dass vill Karneval-Touristen areesen. D’Alkoholverbuet bezitt sech net op d’Restauranten an net op d’privat Wunnengen.
Den 11. November fält dëst Joer an d’Waasser, huet d’Oberbürgermeisterin Henriette Reker betount: “Mir alleguer mussen op d’Partymaachen den 11.11 verzichten. Dës Kéier gëtt net gefeiert, dës Kéier gëtt net gesongen, dës Kéier gëtt net geschuckelt, dës Kéier gëtt net gedanzt. Dës Kéier gëtt et keen 11.11. Et ass dëst Joer en Dag am Kalenner wéi all déi aner och.”
Donieft koum vun hir den Appell, Doheem ze bleiwen: “Bleift wgl. alleguerten Doheem. Feiert och net Doheem.”
Mat dëser strenger Moossnam wéilt een nämlech d’Verbreedung vum Coronavirus ënnerbannen a weiderhin d’Héichbuerg vun de “Jecken” bleiwen an net d’Héichbuerg vun den Infektioune ginn.
De Karnevalpresident Christoph Kuckelkorn weist sech traureg an erliichtert. D’Suerg, dass am private Beräich awer kéint gefeiert ginn, bleift awer bestoen.
