
De Spriecher vun der Chamber huet e Freideg de Bréif zur Opléisung verlies. Wärenddeem hunn d’Deputéiert déi traditionell Parol “Banzai” geruff. D’Sanae Takaichi erhofft sech duerch déi héich Wäerter an den Ëmfroen e gutt Resultat fir hir soss éischter onbeléift Liberaldemokratesch Partei LDP.
D’Takaichi war am Oktober als éischt Fra an dat héchste Regierungsamt gewielt ginn. A rezente Sondagë kritt hir Ekipp ronn 70 Prozent Zoustëmmung. An der Chamber huet hir Regierungskoalitioun, zu där och déi rietsgeriicht JIP gehéiert, awer just eng knapp Majoritéit, wat d’Duerchsetze vun der Takaichi hiren éiergäizege Reformpläng méi schwéier mécht.

Déi japanesch Regierung hat fir den 1. Abrëll e Rekordbudget vu ronn 665 Milliarden Euro op de Wee bruecht. Domat sollen ënnert anerem déi méi héich Depensë fir d’Verdeedegung an d’Käschte vun de Sozialversécherunge finanzéiert ginn, déi och amgaange sinn ze klammen. D’Premierministesch erhofft sech, dass d’Parlament deem Plang geschwë wäert zoustëmmen.
Neiwalen, bei deene si hir Muecht ausbaue kann, kéinten och en Zeechen u China sinn, dass d’Regierungscheffin déi breet Ënnerstëtzung vum Vollek genéisst, fir esou hir Verhandlungspositioun géintiwwer Peking ze stäerken. D’Bezéiungen tëscht béide Länner hate gelidden, nodeems d’Takaichi e militärescht Agräifen an Aussiicht gestallt hat, sollt China d’Insel Taiwan ugräifen.