DäitschlandDen däitsche Fleeschbetrib Tönnies muss fir de Schued opkommen

RTL Lëtzebuerg
Dat seet den Aarbechtsminister Hubertus Heil. An der Fleeschfabrick am Krees Gütersloh an Nordrhein-Westfalen gouf et bis ewell iwwer 1300 positiv Fäll.

Hygiènesreegelen goufen net agehalen, Distanzen net respektéiert.

All d’Aarbechter sinn a Quarantän. D’Aarbechter an hir Famille mussen, dacks an hirer Mammesprooch, opgekläert ginn, wat lass ass a wéi se sech ze verhalen hunn.

Den däitschen Aarbechtsminister sot am ARD-Morgenmagazin, datt hien erwaart, datt d’Firma fir de Schued opkënnt.

Et soll gepréift ginn, a wéi wäit de Betrib zivilrechtlech Verantwortung huet. D’Awunner an der Regioun si mat de Suitte vum Ausbroch gehäit.

Back to Top
CIM LOGO