Joe Biden"Den Donald Trump ass eng Gefor fir d'Demokratie"

RTL Lëtzebuerg
Et wier elo de Moment komm, wou een den Donald Trump endlech kéint stoppen, nodeems hien am Geriichtsprozess schëlleg gesprach gouf.

Nodeems den Donald Trump en Donneschdeg an engem Verdikt vum Jury zu New York an allen Uklopunkte fir schëlleg erkläert gouf, huet sech den Joe Biden mat ongewéinlech däitleche Wieder zu dësem Prozess geäussert.

Den Trump wier eng Gefor fir d’Demokratie, sou de Biden. Hie wier geféierlech, irresponsabel a géing behaapten, de Prozess wier truquéiert, well him d’Urteel net gefält, sou den US-President. Den Trump géing de Walsystem a Fro stellen, de Rechtsstaat a Fro stellen an elo kéint een hien endlech stoppen, sou de Biden, dee gläichzäiteg d’Leit opgefuerdert huet, fir Sue fir säin Walkampf ze spenden.

Den Trump huet natierlech reagéiert an de Biden als Faschist betitelt. De Prozess géint hien wier onfair gewiescht.

Schëlleg wéinst Dokumentefälschung: Prozess géint hie war “ganz onfair”, esou den Donald Trump

Back to Top
CIM LOGO