Domadder ass den Joe Biden den neien a 46. US-President, d’Kamala Harris ass déi éischt Vizepresidentin.
De Biden soll um Samschdeg den Owend um 20 Auer Lokalzäit (2 Auer Lëtzebuerger Zäit) eng Ried halen.

Den Joe Biden sot um Samschdeg, datt hien de President vun allen Amerikaner wäert sinn.

Minutte méi spéit koum d’Nouvelle, datt den Donald Trump dës Victoire net unerkennt. “Mir kënne nach gewannen”, sou de Chef vu senger Campagne.
Am RTL-Interview huet sech de Lëtzebuerger Ausseminister erliichtert gewisen. De Jean Asselborn erhofft sech elo eng besser international Zesummenaarbecht mam Joe Biden.
Dem Asselborn no wier déi politesch Demarche awer mat dëse Resultater gelaf. D’Bréifwal notamment am Pennsylvania huet de Biden däitlech no vir bruecht. Esou dass de Stëmmen-Ënnerscheed elo guer net méi esou knapp wier. Och wann déi virausgesote “Blo Well” net agetrueden ass, wier d’Resultat awer elo ganz kloer, esou de Jean Asselborn.
Och de Premier Xavier Bettel huet gratuléiert op Twitter.
Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel wënscht dem neie President vill Gléck an Erfolleg.

Vu Säite vum nach President Donald Trump ass et d’Nouvelle, datt säin Assistent Mark Meadows positiv op de Coronavirus getest gouf. An den USA goufen an de leschte 24 Stonnen iwwer 125.000 Neiinfektioune registréiert. Den héchsten Taux zanter dem Ufank vun der Pandemie.
