
Et wier “fir sech ze schummen”, sot hien en Dënschdeg den Owend zu Wilmington.
Hie wéilt sech awer duerch d’Verhalen vum Nach-President net oflenke loossen, a seng Muecht-Transitioun preparéieren.
Den designéierten US-President well déi transatlantesch Relatiounen nees verbesseren. “D’USA sinn zeréck, zeréck am Spill. An et geet net nëmmen ëm Amerika”. Dat soll den Joe Biden gesot hunn, an Telefonsgespréicher mat ënnert anerem der däitscher Kanzlerin Merkel, dem franséische President Macron, oder och nach dem brittesche Premier Johnson. Domadder huet sech de Biden kloer vun der Trump-Politik “America First” distanzéiert.
Bis ewell refuséiert d’Trump-Regierung dem Biden jo nach all Collaboratioun, déi u sech per Gesetz virgesinn ass. Dem Biden feelen domadder Milliounen Dollar, vertraulech Informatioune vun de Geheimdéngschter an der Arméi, respektiv och den Zougang zu de Ministèren, fir do en Iwwergang ze preparéieren.
Op Twitter gëtt sech den Donald Trump iwwerdeems weiderhi selbstsécher a schreift, dass hien d’Wale wanne wäert: “D’Vollek géif keng gefälschte Walen acceptéieren”.
Den iranesche President Hassan Ruhani huet dem zukünftege President Joe Biden seng Zesummenaarbecht ugebueden. Eist Zil ass et, d’Laascht vun den US-Sanktiounen vun de Schëllere vum iranesche Vollek ze huelen, esou de Ruhani op der iranescher Staatstëlee. Duerfir wier d’Land bereet, fir Verhandlungen. D’Konditioun wier, datt d’USA d’Atomofkommes vun 2015 nees unerkennen. Och missten d’Sanktiounen vum Donald Trump nees opgehuewe ginn.
