Walkampf an den USADen Toun tëscht den 2 Presidentschaftskandidate gëtt ëmmer méi rau

RTL Lëtzebuerg
Eng sozialistesch, radikal Verréckten, huet den Trump seng Konkurrentin genannt.

Déi ass zwar net direkt drop agaangen, ma huet awer bei engem Walkampf-Optrëtt am Pennsylvania gemengt, dass een, deen aner Leit muss erofmaachen, e Feigling wier. Wierklech Stäerkt géif villméi dra bestoen, fir Anerer opzebauen.

Bannent de Republikaner kënnt iwwerdeems méi Kritik op, well den Trump sech ze vill op d’Demokrate géif aschéissen, fir déi schlecht ze maachen, amplaz eegen inhaltlech Messagen un d’Wieler ze bréngen.

Bis en Donneschdeg leeft iwwerdeems zu Chicago nach den demokratesche Parteidag.

Back to Top
CIM LOGO