Dausende Leit sinn op d’Stroosse vun der Haaptstad Santiago de Chile gaangen, fir dem José Antonio Kast seng Victoire bei der Presidentschaftswal ze feieren.
De Kast, e Kandidat vun der Republikanescher Partei, ass den am wäitste riets stoende President zënter dem Enn vun der Militärdiktatur viru 36 Joer. Am Walkampf huet hien op Sécherheet gesat: Kampf géint kriminell Banden, Expulsioun vu Migranten ouni Pabeieren an d’Stäerkung vun der Wirtschaft. Seng Géignerin Jara, Member vun der Kommunistescher Partei, ass fir e breet Mëtt-lénks-Bündnis ugetrueden a wollt och mat Sécherheetsverspriechen iwwerzeegen.
De Kast, dee seng Bewonnerung fir den Ex-Diktator Pinochet ni verstoppt huet, huet ugekënnegt, “President vun alle Chilenen” ze sinn. D’Walvictoire passt an e regionale Trend, wou riets-konservativ Parteien och an anere latäinamerikanesche Länner Erfolleger gefeiert hunn. D?USA hunn dem Kast direkt gratuléiert a Kooperatioun bei Sécherheet, Migratioun an Handel ugekënnegt.