
D’Zil vun dësem Prozess op der Nationalversammlung ass et eigentlech, eng nei Majoritéit ze bilden. No den Neiwale waren nämlech 3 Gruppéierungen entstanen, déi allen dräi keng Majoritéit haten a wou d’Programmer net zesummegepasst hunn.
No den Diskussiounen um Freideg de Moien huet déi lénks-gréng Koalitioun “Nouveau Front populaire” sech a 4 Fraktiounen ënnerdeelt. D’Regierungskoalitioun huet elo just nach 166 Deputéierten an d’Regierungspartei huet hiren Numm an “Ensemble pour la République” geännert.
Déi lénks Koalitioun kënnt op 193 Deputéierten, déi op 4 Fraktioune verdeelt sinn.Déi rietspopulistesch Fraktioun ënnert dem Marine Le Pen huet elo 126 Deputéierten.
Um Donneschdeg den Owend gouf d’Yaël Braun-Pivet als Parlamentspresidentin rëmgewielt. Si krut eng Partie Stëmme vun de Republikaner.